D'Biller vum Picasso, déi de Public bis ewell net gesinn huet, kéinten "een neie Bléck op d'Aarbechtsweis" vum Kënschtler ginn.

Dem Picasso seng Duechter Maya huet dem Musée zu Paräis aacht Konschtwierker vermaach, déi bis ewell nach net bekannt waren. Déi franséisch Kulturministerin Roselyne Bachelot huet op enger Pressekonferenz, bei där eent vun de Biller gewise ginn ass, erkläert, datt dës Wierker "een neie Bléck op d'Aarbechtsweis vum Picasso" géife ginn.

D'Bild vun engem Kand, dat mat enger Lutsch ënnert engem Stull sëtzt, aus dem Joer 1938, weist warscheinlech dat jonkt Maya an dréckt d'Viranung vum Zweete Weltkrich aus. Dat deelt den Olivier Widmaier Picasso, ee vun den Enkelkanner vum Kënschtler, mat. Ënnert de Wierker ass och ee Portrait vum Picasso sengem Papp aus dem Joer 1895 an e "Kapp vun engem Mann" aus dem kubistesche Spéitwierk vun 1971. Donieft krut de Musée nach ee Skizzenheft mat Analysen iwwer d'Theema "Kaffi am Gréngen", déi vun engem Bild vum Edouard Manet inspiréiert goufen. Och eng Skulptur mam Numm "Venus vu Gaz" aus dem Joer 1945 ass un de Musée gaangen.

Mat der Schenkung vun de Wierker bezilt d'Maya Ruiz-Picasso hir Ierfschaftssteier. Eng Zomm ass allerdéngs net genannt ginn. De Paräisser Picasso-Musée huet déi weltwäit komplettste Sammlung u Wierker vun deem spuenesche Kënschtler. Déi nei Biller sollen am Abrëll d'nächst Joer ausgestallt ginn.