De Programm vun enger Saison an der Philharmonie muss laang am Viraus geplangt ginn.

Di lescht 2 Joer war dat net einfach : mat der Entwécklung vum Virus wousst ee ni wivill ee kënnt realiséieren vun deem wat ugeduecht war. D’Saison 2021-22 fillt sech awer richteg gutt un

Eigentlech hätt een mat kengem besseren Stéck d’Saison konnten ufänken wéi dem Igor Stravinsky säin Oiseau de feu. D’Musek vum Stravinsky beschreift nämlech wéi de Feiervull gefaangen ass, befreit gëtt , magesch Kraaft kritt a gewëssermoossen d’Welt rett. Sou wënsche mer eis vum Virus befreit ze sinn an d’Musek ouni Barrièren ze genéissen

De Programm vun der Saison fënnt seng Plaz an engem 300 Säite laangen Schmöker, an do dierft fir jiddereen eppes derbäi sinn: Klassik, Jazz , Worldmusic, vum Puppelchen bis zum senior. A vläicht erliewe mer jo dass nach an dëser Saison de grousse Sall mat 1500 Leit gefëllt ass aplaz lo mat 750.