Den R&B-Trio "Labelle" hat d'US-Charts mat hirem Hit "Lady Marmalade" gestiermt. Elo ass eng Matbegrënnerin vun hinne gestuerwen.

Zesumme mat hire Bandkolleeginne stoung d'Sarah Dash op der Bün an huet provokativ gesongen: "Voulez-vous coucher avec moi?" E Lidd, dat séier e Welthit gouf a vu bekannte Kënschtler gecovered gouf. Ob vun den All Saints oder de Sängerinne Christina Aguilera, Lil' Kim, Mya a Pink: d'Cover-Versioune vun "Lady Marmalade" hunn et un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.

Hiren Debut hat "Labelle" mat hirer Single „I Sold My Heart to the Junkman" am Joer 1962 an huet et direkt an d'US-Top 20 gepackt. Duerno koume Lidder wéi "Down the Aisle" oder "You'll Never Walk Alone". Richteg erfollegräich gouf d'Band 1974, wéi hiren Album "Nightbirds" op de Marché koum, op deem ënnert anerem de "Moulin Rouge"-Soundtrack drop war. Duerno huet "Labelle" 2 weider Alben erausbruecht, éier d'Sängerinnen eng laang Paus gemaach haten. 2008 si si nees zesummen opgetruede mat hirem Album "Back to Now".

Nach e Samschdeg huet d'Sarah Dash zesumme mam Patti Labelle op der Bün gesongen.