No laangem Waarde geet de Musée, dee ganz de Filmer gewidmet ass, fir déi d'Stad bekannt ass, d'nächst Woch fir de Public op.

An et wier och Zäit ginn, sot den Tom Hanks der Press, wéi hie si en Dënschdeg fir en Tour duerch den "Academy Awards Musée" begréisst huet. D'Stad hätt zwar Hollywood-Studioen an Dose Muséeën iwwer all méiglech Theemen, vun Naturwëssenschaften bis bei de Selfie, awer bis ewell gouf et nach keen, dee sech ëm déi siwent Konscht dréit.

"Et ass wichteg fir Los Angeles, ee Filmmusée ze hunn", betount den Tom Hanks, dee Member vum Comité vum Musée ass a selwer zwee Mol en Oscar gewonnen huet. "Mir wëssen all, datt iwwerall op der Welt Filmer gedréit ginn an déi sinn och richteg gutt. Et gëtt och aner Stied mat Filmmuséeën. Awer bei all Respekt, dëse Musée, dee vun der "Academy of Motion Pictures" zu Los Angeles ageriicht gouf, muss wierklech de Parthenon vum Genre sinn."

De Musée, deen am Weste vun der Stad läit, wäert dee gréisste Filmmusée an Nordamerika sinn. Duerch Spende vun Hollywood-Institutioune wéi Disney, Warner an Netflix an Héicht vun 390 Milliounen Dollar war et méiglech, de Musée ze bauen. Den Architekt war keen aneren ewéi de Renzo Piano, deen ënnert anerem den "Centre Pompidou" zu Paräis entworf huet.

Fir déi Haaptgalerien ënnerzebréngen, ass ee fréiert Geschäftshaus aus den 1930er Joren ëmgebaut ginn. Donieft huet de Renzo Piano eng metalle Kugel baue gelooss, an där den "David-Geffen-Kino" mat 1.000 Plaze fungéiert an iwwert dem Haff vum Musée ze schwiewe schéngt. "Nennt et een Zeppelin. Een Zeppelin, deen Iech an eng aner Welt bréngt", esou de 84 Joer alen Architekt.

RTL

© AFP

De Musée bitt de Visiteuren een ausgibege Bléck iwwer d'Welt vum Kino, mat den Ufäng am 19. Joerhonnert. Ënnert den ausgestallte Schätz sinn d'Kostümer vum Dracula, ee vun engem Ork aus "Herr der Ringe", dem Amphibienwesen aus "The Shape of Water" an dee legendäre Star Wars-Droid C-3PO an R2-D2.

RTL

© AFP/VALERIE MACON

"Mir wëlle mat eise Galerien d'Vilfalt vun der internationaler Filmgeschicht weisen." Dat sot den Direkter vum Musée Bill Kramer.