De Schauspiller, deen duerch seng Nieweroll an der Kultserie international bekannt gi war, ass en Dënschdeg am Alter vu 57 Joer u Kriibs gestuerwen.

De Willie Garson war vu senger Famill ëmginn, wéi hien de Kampf géint de Bauchspeicheldrüsekriibs verluer huet. Hien hannerléisst een 20 Joer ale Bouf, den Nathen Garson, dee sengem Papp mat Fotoen a Videoen op Instagram Äddi gesot huet.

De Schauspiller, deen 1964 zu New Jersey gebuer ass, hat säin Duerchbroch zu Hollywood mat Niewerollen an US-Sitcome wéi "Cheers" an "Family Ties". An der Serie "Sex and the City" huet de Willie Garson d'Roll vum Stanford Batch, de beschte Frënd vum Carrie Bradshaw, gespillt. Nieft de sechs Staffelen an zwee Kinofilmer vun der Serie an deenen hie matgespillt huet, war hien och an de Filmer "Real Love" (1993) an "There's something about Mary" (1998) souwéi an de Serien "White Collar" an "Hawaii Five-0" ze gesinn.

Fir d'lescht stoung hie fir den SATC-Reboot "And Just Like That...", dee viraussiichtlech 2022 erschénge soll, virun der Kamera. Seng Schauspiller Kolleege Cynthia Nixon, Kim Cattrall an de Mario Cantone hunn hir Hommagë mat Fotoen op de soziale Medie gedeelt.

Déi leschte Kéier war de Willie Garson de 4. September an de soziale Medien aktiv. Hei huet hie getwittert: "Sidd léif mateneen... ëmmer. Léift fir jiddereen. Kommt der Frëndlechkeet méi no."