D'Thema vun der neier Saison ass d'Fro iwwer d'Zukunft mat der Hëllef vun der Vergaangenheet.

Sou lues maachen all d'Theaterhaiser nees hir Dieren op, fir déi kleng Strukturen heescht dat, datt no iwwer engem Joer och emol nees kann op senger Hausbün gespillt ginn. Sou ass de Kasemattentheater nees an der Rue du Puits zu Bouneweg. Et ware keng einfach Méint, och wann zënter Januar nees konnt gespillt ginn, e puer Erfarungswäerter bleiwen awer, sou den Dramaturg Marc Limpach.

D'Wichtegkeet vun eise Lëtzebuerger Schauspiller, Auteuren etc, déi hei sur Place sinn, déi sech immens engagéiert hunn, déi och bereet waren déi Unwägbarkeete vun där méi schwiereger Zäit fir d'Kulturinstitutiounen matzemaachen, do hate mer ganz vill Diskussiounen an ech mengen, datt dat sécherlech eppes ass, wat ee weider mathëlt.

Nei Saison Kasemattentheater

12 Produktiounen si fir d'Saison geplangt a just d'Reprise vun "Amadeus" ass am Kapuzinertheater. Tëscht 40 a 50 verschidden Artisten kommen dobäi an den Asaz.

RTL

"Schnouky" mam Eugénie Anselin / © Kasemattentheater

Lancéiert gouf d'Saison am Kasemattentheater mat der Liesung "Aus der damaligen Gegenwart" mam Herbert Knaup vun Tagebuch-Texter vum Paulheinz Watzen, deen tëscht 1942 an 1944 zu Lëtzebuerg war.

D'Geschicht spillt an der neier Saison dann och eng Roll, awer ëmmer mam Bléck no vir op eis Zäit an eis Gesellschaft.

D'Thema ass eigentlech déi Fro iwwer d'Zukunft awer natierlech och mat der Hëllef vun der Vergaangenheet. Eng vun de Uropféierungen ass "Madame Köpenick", e Stéck dat de Guy Helminger als Optragsaarbecht geschriwwen huet. Dann huele mer nach eng Kéier "Schnouky" erëm iwwer d'Andrée Mayrisch. Dann hu mer awer och "Gipfelstürmer" vum Calle Fuhr, mat deem mer scho geschafft hunn, och eng Uropféierung iwwer d'Geschicht an d'Auswierkunge vum Neo-Liberalismus. Also souzesoen einfach de Bols huelen an eiser Zäit, wéi et vläicht ka weidergoen, awer am Réckbléck och op Saachen, déi an den 20er an 30er Jore waren.

Et variéiert deemno tëscht Liesungen an Theaterkreatiounen - dorënner och e Projet iwwer d'Generatiounen Y/Z an eng Partie musikalesch Projeten, zu deenen och nees en Owend mat Fräiheetslidder gehéiert.

Fir eng Produktioun gëtt den Theater gewiesselt. D'Reprise vun "Amadeus" ass am Kapuzinertheater.

RTL

"Amadeus" / © Kasemattentheater