Seele waart een esou gespaant op eng Casting-Entscheedung: wäert den nächste Bond eng däischter Hautfaarf hunn oder dach weiblech sinn?

Den Daniel Craig war ee relativ kontroverse Bond. Scho wéi hien 2006 d'Roll iwwerholl huet, war hien esou gutt wéi aus dem Smoking eraus. Ma "No Time to Die" schéngt elo wierklech säi fënneften a leschte Film ze sinn. An esou komme rëm Rumeuren un d'Rullen.

Zanter Jore komme verschidde Schauspiller ëmmer rëm an d'Spill, bei den Diskussiounen ëm de Nofollger vu Stare wéi de Sean Connery, Roger Moore an de Pierce Brosnan. Mam Daniel Craig, hat ee probéiert den James Bond méi staark duerzestellen. An dat ass de Produzenten och gelongen. D'Filmer "Casino Royal" an "Skyfall" gëllen als zwee vun deene beschte Bond-Filmer.

Tom Hardy

Den Tom Hardy, deen a Filmer wéi "The Dark Knight Rises", "Venom" a "Mad Max: Fury Road", dacks dee Béisen oder den Anti-Held gespillt huet, wier eng Méiglechkeet, eng däischter Visioun vum 007 bäizehalen.

Idris Elba

Een Numm, deen och dacks am Gespréich ass, ass den Idris Elba, deen duerch "The Wire", "The Suicide Squad" an der Hitserie "Luther" bekannt ass. Hien huet 2018 fir Opreegung gesuergt, wéi hien an de soziale Medie geschriwwen hat: "Mäin Numm ass Elba, Idris Elba."

D'Bond Produzentin Barbara Broccoli huet och ëmmer rëm betount, datt deen nächsten James Bond "net forcement ee Mann mat wäisser Hautfaarf muss sinn". Obwuel dat leider fir e puer rassistesch Reaktioune gesuergt huet, si vill Leit der Meenung, datt den Elba deen néidege Charisma fir de Wiessel hätt.

Lashana Lynch

Anere Rumeuren no kéint déi 33 Joer al brittesch Schauspillerin Lashana Lynch, deen éischte weiblechen 007 ginn. Vill Leit spekuléieren, datt si zum Schluss vum "No Time to Die" d'Roll vum James Bond iwwerhëlt. D'Barbara Broccoli an den Daniel Craig sinn allerdéngs der Meenung, datt et "méi interessant Rolle fir Frae géif ginn".

Rege-Jean Page

Och de jonke brittesch-simbabwesche Schauspiller Rege-Jean Page, deen d'lescht Joer mat der Netflix-Serie "Bridgerton" Milliounen Häerzer gewonnen huet, ass ee Favorit vun den Auteuren. Hie selwer hält sech awer zeréck. Dem Talkshow-Moderator Jimmy Fallon sot hien: "Wann een e Britt ass an eppes Bekanntes mécht, da fänken d'Leit direkt un, d'B-Wuert ze soen."

Tom Holland

De Spiderman-Star Tom Holland hält sech mat sengem Wonsch no enger Lizenz fir Ëmzebréngen manner zeréck: "Als jonke Britt, deen de Kino gären huet, géif ech gären den James Bond sinn. Also, ech soen dat elo mol einfach esou. Ech gesi relativ gutt aus an engem Kostüm."

Och am Rennen

An et ginn nach vill aner Kandidaten: D'Vogue huet eng Lëscht erstallt, an där Nimm wéi den Henry Golding, de Richard Madden oder den Cillian Murphy stinn. Ma d'Produzente vun de Filmer soen awer nach näischt dozou, ausser, datt een "nëmmen an eng Persoun gläichzäiteg verléift ka sinn".