Wéi bréngt een de Leit Konscht méi no an Zäiten, wou d'Muséeën a Galerië keen accueilléieren?

Déi Fro hu sech d'Michèle Walerich an d'Claudia Passeri wärend dem éischte Confinement gestalt.

Hir Äntwert hunn déi zwou Grënnerinne vun der Agence Borderline e Samschdeg fir d'éischte Kéier um Fëschmaart an der Stad presentéiert. Dat neit Konzept heescht "Le dos au sol", woubäi den Numm engersäits eng Referenz op déi bekannten Expressioun "le dos au mur" ass an anerersäits och drop hiweist, dass d'Wierker – bësse wéi um Maart – wuertwiertlech um Buedem stinn, bezéiungsweis leien.

D'Iddi ass hinne wärend dem éischte Confinement komm, wou et fir vill Kënschtler schwéier war, normal weiderzeschaffen a fir viller souguer onméiglech, hir Aarbecht ze vermëttelen a mat de Leit ze deelen. "Le dos au sol" soll elo eng Alternativ zu deenen traditionellen Ausstellungsforme sinn a Kënschtler eng Chance ginn, fir och Saachen aus hirem Stock auszestellen, déi an engem méi konventionelle Kader keng Plaz hätten.

D'Offer um Maart ass genausou variéiert wéi d’Kënschtler, déi matgemaach hunn. Niewent den 18 Lëtzebuerger Kënschtler sinn nämlech och eng Rëtsch auslännesch Artiste mat dobäi, wéi zum Beispill de visuelle Kënschtler Dimitri Mallet, dee vu Paräis ugereest ass.

Konkret Pläng, fir eng zweet Editioun ginn et nach keng. Ma d'Hoffnung wier et awer, ee bis zwee Mol am Joer sou ee Maart z'organiséieren. An der Tëschenzäit kann een awer mol nach déi éischt Editioun vu "Le dos au sol" kucke goen. Déi wäert nämlech e Sonndeg nach eng Kéier am Casino gewise ginn.