Mat ënnert anerem de Klassiker "Der Zauberberg" an "La Peste" hat den Théâtre National lescht Saison direkt op d'Thema Pandemie a Krankheet reagéiert.

Déi nei Saison soll och aktuell sinn an heescht "Tëschent de Welten".

Nei Saison TNL - Reportage

Wat kann a wat soll a wat muss den Theater?  Fir de Frank Hoffmann ass sécher, e soll sech mat der Realitéit, sou wéi se gelieft a gespuert gëtt, befaassen a se opschaffen. Do geet et den Ament drëm d'Pandemie an d'Stëmmung vum Ament vun alle Säiten ze bekämpfen. Courage maachen, dat geet natierlech iwwer de Wee vum Humor.

Et ass e Gefill, datt een net genee weess, wouhin ee geet, wou een hierkënnt, dat Gefill e bëssi, wéi wann een an enger Transit-Zon um Flughafen ass an et kënnt awer kee Fliger, deen een ewechhëlt. Mir nennen dat "Zwischen Welten". De Mënsch ass e bëssi verluer an dat Gefill wëlle mir beschreiwen an e puer Projeten. Dat Ganzt soll awer net eng depressiv Saison ginn, déi eis erwaart, mä éischter de Contraire, well ech mengen 't ass elo d'Aufgab, déi mir hunn, fir de Leit Courage ze maachen.

RTL

Was Ihr wollt!

Gutt an dat Schema passt de Shakespeare-Klassiker "Was ihr wollt", dee seng Première schonn zu Tréier hat an elo Enn dës Mounts an d'Haus op d'Lonkecherstrooss kënnt. Aner bekannte Klassiker heeschen Les chaises vum Ionesco oder d'griichesch Dramen nom Sophokles, déi am groussen Theater gespillt ginn. Mä och éischter immersiv Stécker wéi de Rimini-Protokoll.

Dat ass e Projet, deen direkt mat der Pandemie ze dinn huet. Deen heescht "Die Konferenz der Abwesenden", dat heescht déi, déi d'Konferenz halen, si guer net do. Déi konnten net kommen, wéinst der Pandemie. A wien hält d'Konferenz? Ma de Publikum.

RTL

Die Konferenz - Rimini-Protokoll

Net alles konnt an der leschter Saison op d'Bün kommen, dozou gehéieren och Wierker vun der Autorin Elise Schmit, déi lescht Joer eng Residence am TNL hat. Dëst Joer ass wuel net direkt eng Autoren-Residenz, dofir gëtt et awer eng Première mat engem Stéck vun a mam Marie Jung, déi jo fir "La Peste" zesumme mam François Camus den Theaterpräis krut.

Vill Musek a Literatur an natierlech eng Rëtsch bekannten Nimm vu Regisseuren a Schauspiller stinn am Programmheft. D'Saison rullt an den TNL-Direkter Frank Hoffmann freet sech op de Publikum.

D'Erliefnes op der Bün, wou s de de Künstler, d'Künstlerin live gesäis, wou s de d'Liewe spiers, dat ass fir mech - a bleift se och - déi schéinste Konscht.

RTL