E Samschdeg de Moie mécht zu Esch een neien Espace fir zäitgenëssesch Konscht seng Dieren op.

Rieds ass vun der Konschthal Esch. Dës Plaz soll an éischter Linn der Lëtzebuerger Konschtzeen eng Plattform bidden an déi lokal Kreatioun ënnerstëtzen. Ma och international Produktiounen an Ausstellunge wäerten et an Zukunft hei ze entdecke ginn. D'Preparatioune fir déi grouss Ouverture sinn déi lescht Deeg op Héichtoure gelaf.

Iwwert ee Joer laang gouf op deene ronn 2.400 Quadratmeter fläisseg geschafft, fir déi al Raimlechkeete vum fréiere Miwwelgeschäft "Espace Lavandier" an e Lieu fir zäitgenëssesch visuell Konscht ze verwandelen. Och wann d'Transformatioun vum Gebai nach bis d'nächst Joer undauere wäert, kann de Public vun e Samschdeg un hei déi ënnerschiddlechste Forme vun zäitgenëssescher Konscht entdecken.

Duerch d'Flexibilitéit vun der Architektur kréien d'Kënschtler hei een Espace gebueden, deen einfach ze bespillen ass an hinne vill Fräiheete léisst. Dat maachen déi dräi nei Ausstellungen och däitlech. Virop déi vum däitsche Raum-Kënschtler Gregor Schneider, deen 2001 op der Biennale vu Venedeg mam „Gëllene Léiw“ ausgezeechent gouf.

Nieft den Ausstellungen "Ego Tunnel", "Lëtz'Arles" a "Project Room", kritt een de Weekend iwwer um Boulevard Prince Henri zu Esch awer nach vill méi gebueden.

E Samschdeg den Owend kann ee bei eis dann nach méi iwwer d'Konschthal Esch gewuer ginn. Dann ass den Direkter Christian Mosar nämlech Invité an der Kulturemissioun No Art on Air op RTL Télé Lëtzebuerg.