Am Kader vun de Journées du patrimoine huet den Hangar seng Diere fir de breede Public opgemaach. D'Hal, wou d'Maintenace vun de Fligere gemaach gëtt.

E Gebai, dat zanter zwee Joer ënner Denkmalschutz steet. D'Monique Kater huet sech op der Plaz e Bild dovu gemaach.

E Bëtongsbou, mat bannenan stole Seeler, fir dass een net ewechfiert. Dat mécht d'Hal Nennig esou speziell. An da gehéiert se zu engem Lëtzebuerger Houfer vun nom Krich, der Luxair, dem Findel! E Stéck Geschicht, dat nach steet, net ewéi d'Kärenhal zu Miersch, déi nom selwechte Prinzip gebaut gouf. Déi war kengem eppes wäert. D'Hal Nennig par contre ass ewell geschützt an ënner nationalem Denkmalschutz.

Et ass fir d'zweet, dass d'Hal hir Sound-Kompetenzen erausléisst. D'Rockhal hat virun e puer Méint hei e Clip dréie gelooss. Beat, Elektro, Hip-Hop ...Space amplaz just e puer Kilometer héich.

Hanne Richtung Sandweiler gëtt un där neier Hal gebaut. Wann déi bis steet, verschwënnt vläicht d'Loscht vu Luxairport, d'Hal Nennig a senger Proprietéit ze halen. Déi vum Atelier hunn op alle Fall Loscht op d'Hal. D'Technik géif si vum Atelier intresséieren, wéi ee Musek an esou Objete kinnt integréieren. Dat hei war schonn en Top-Event an d'nächst Joer wéilt een als Partner vun de Journées du patrimoine nach e Krack méi wäit goen.

RTL

© Journée du patrimoine