D'Expo zu Dubai ass elo endlech op: Wéi hunn d'Lëtzebuerger op der Plaz dës Zäit gemeeschtert? A wéi fält de Fazit vun de Visiteure vum Pavillon aus?

Fir d'Generalkommissärin Maggy Nagel an hiert Team zu Dubai geet e Joer voller Ongewëssheet op en Enn. Dat mat engem Happy End, well d'Weltausstellung ass elo endlech op.

D'Pandemie hat esou munches op d'Kopp gehäit. Dat gëllt och fir d'Expo 2020 zu Dubai. D'Ouverture gouf op e Joer méi spéit geréckelt. Wéi d'Lëtzebuerger op der Plaz dës Zäit gemeeschtert hunn, wéi nohalteg de Pavillon um Enn ass, wat gemaach gouf, datt déi néideg Aarbechtskonditiounen um Chantier garantéiert goufen, souwéi de Fazit vun den éischte Visiteuren am Pavillon. Am groussen Expo-Reportage ginn et d'Äntwerten.