Eng russesch Sojus-Rakéit huet en Dënschdeg ee Regisseur an eng Schauspillerin op déi International Raumstatioun ISS bruecht, fir do e Film ze dréien.

De Start vun der Weltraumgare Baikonur am Kasachstan war um 10.55 Auer MESZ geplangt. Den 38 Joer ale Regisseur Klim Tschipenko an déi 37 Joer al Schauspillerin Julia Peressild gi vun engem russesche Kosmonaut begleet.

D'Mini-Filmcrew huet fir den Dréi 12 Deeg Zäit. Am Film mam Aarbechtstitel "Die Herausforderung" geet et ëm eng Doktesch, déi ee Kosmonaut behandele soll, deem säin Zoustand fir ee Réckfluch op d'Äerd ze schlecht ass. De Budget fir den Dréi gëtt geheimgehalen. Déi russesch Raumfaartautoritéit Roskosmos hat de Projet ugekënnegt, just nodeem d'Nasa iwwer Pläng fir een Dréi op der ISS mam Hollywood-Star Tom Cruise fir d'Action-Filmrei "Mission Impossible" informéiert hat.