Nodeems d'Nuit des Musées d'lescht Joer wéinst Corona misst ausfalen, gëtt de Samschdeg déi 20. Editioun als CovidCheck-Event gefeiert.

An der Stad gëtt et de Weekend nees vill ze gesinn. De Samschden ass tëscht 17 an 1 Auer Rendez-vous fir d'Nuit des Musées - an zwar schonns fir déi 20. Kéier zanter der éischter Editioun am Joer 2001, déi op Initiativ vun der Grupp "d'stater muséeën" an d'Liewe geruff gouf.

An de Joren duerno huet sech d'Nuit des Musées lues awer sécher zu engem vun den alljärlechen Highlights am Stater Eventkalenner gemausert. Hu bei der éischter Editioun nach ronn 6.000 Leit deelgeholl, waren et bei der leschter Editioun am Joer 2019 ganzer 24.000, sou d'Initiativ d'Stater Muséeën an engem Communiqué den Dënschdeg.

Fir déi 20. Editioun gëtt et de Weekend ee ganz besonnesche Programm mat Visites guidés, Musek, Atelieren, kulinareschen Iwwerraschungen an enger Nuit Blanche am Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain.

D'Gäscht kréien net nëmmen ee Kombi-Billjee fir déi siwe Muséeën, mee kënnen och vun enger gratis Navett profitéieren. Mat derbäi sinn d'Villa Vauban, de Casino Luxembourg, de Lëtzebuerg City Museum, den MNHA, den Natur Musée, de Musée Dräi Eechelen an de Mudam.

Nodeems d'Nuit des Musées d'lescht Joer wéinst Corona misst ausfalen, ass et dëst Joer ee CovidCheck-Event. Auto-Tester op der Plaz ginn net acceptéiert. All Detailer ginn et um Site vun der Nuit des Musées.