Den 22.2.2022 ass et esou wäit: Déi 2. Staffel vu Capitani wäert dann op RTL Lëtzebuerg ulafen.

Déi 12 Episode vun der neier Staffel gi fir d'éischt op RTL Lëtzebuerg diffuséiert. Wéi Samsa Film den Dënschdeg den Owend ugekënnegt huet, ass d'Serie och fir eng zweet Staffel vun Netflix iwwerholl ginn.

Déi éischt Staffel vun der Lëtzebuerger Produktioun hat no der Diffusioun op Netflix och international vill Fans fonnt - si war déi am meeschte gekuckte Serie a fënnef Länner an Europa a Südamerika a war an 30 anere Länner an den Top 10.

Nieft dem Luc Schiltz an der Haaptroll sinn och vill aner bekannt Personnagen nees mat derbäi: D'Sophie Mousel als jonk Polizistin Elsa Ley, d'Brigitte Urhausen als Carla Pereira an de Konstantin Rommelfangen als Steve Weis, nieft villen aneren. Vu Mäerz bis Juni gouf gefilmt, aktuell ass d'Krimi-Serie ëm den Inspekter Luc Capitani an der Post-Productioun.