Zentral-an Osteuropäesche Filmfestival, Clownen zu Esch, Expo mam Titel "Mutatiounen", De Beruff vum Collectionneur

CinEast 2021 - Filmfestival (7.-24. Oktober)

RTL

© CinEast Festival

Et ass di 14. Editioun vum CinEast Festival, deen all Joers Filmer aus Zentral- an Ost Europa weist. Iwwer 100 Projektiounen, 55 Features an 35 Kuerzfilmer an eng sëlleg Eventer, Expoen, Concerten an Debaten mat iwwer 30 Invitéen, stinn dëst Joer um Programm. Dëst Joer läit de Fokus op de sloweenesche Filmer. Slowenien huet eng räich a villfälteg Filmgeschicht, déi een um CinEast Festival entdecken kann. D'Land feiert awer och dëst Joer 30 Joer Onofhängegkeet an zielt haut als räichste Land aus dem deemolegen Jugoslawien.

De ganze Programm vum CinEast Festival:

RTL

© Rafael Heygster

De CinEast bitt awer och theematesch Zyklen un wéi zum Beispill deen mam Titel "Dreams of Escape". Hei geet et drëm verschidden Hoffnungen fir eng Verännerung ze theematiséieren. No sou ville Méint am Lockdown ass de Wonsch nom "Fortkommen" méi grouss ginn. Net just e physescht "Fortkommen" mee aus dem sozialen an ekonomeschen Hamsterrad ze flüchten. Alternativ Liewenstrukturen gi mat dësem Zyklus proposéiert an diskutéiert fir eng individuell a kollektiv Zukunft ze schafen. Dat Thema gëtt vun verschidde Filmer, Debaten an och enger Fotoausstellung an der Abtei Neimënster begleet.

KULTURFABRIK: Clowns in Progress (6.-16. Oktober) 

RTL

© Kulturfabrik

De "Clowns in Progress" ass zu engem traditionellen a beléifte RDV am Joer vun der Kulturfabrik ginn. Hei dréint sech alles ëm d'Konscht vum Clown a senge villen Facetten a Méiglechkeeten. De Festival feiert awer och dëst Joer e ronne Gebuertsdag, 10 Käerzen stinn mëttlerweil um Kuch. Zënter deem ass et d'Missioun vun der Kulturfabrik dem Public d'Konscht vum Clown méi no ze bréngen an d'Klischeeën op d'Säit ze leeën. Verschidden Eventer wéi Spektakelen, eng Masterclass, eng Expo a Filmer stinn um Programm vum Clownen Festival. De "Clowns in Progress" weist zäitgenëssesch Kreatiounen, di d'Villfalt vun dëser Konscht am 21. Joerhonnert erëmspigelt.

MILLEGALERIE: Expo vum Josée Bourg (9.- 31. Oktober) 

D'Ausstellung mam Titel "Mutatiounen" vum Josée Bourg gëtt den 9. Oktober an der Millegalerie zu Biekerech inauguréiert. D'Kënschtlerin setzt sech an hirer Aarbecht mat der Kraaft vun Erënnerungen, Dreem a Gefiller auserneen. D'Memoire a Form vu Mutatiounen - d'Josée Bourg schafft nämlech mat Doudebiller aus der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert oder och mat Gléckwonschtelegrammer vun 1952 an verwandelt se mat der Origami Technik a Päiperleks-Figuren. Vu klengem un ass d'Josée Bourg faszinéiert d'Materialien wéi Holz, Pobeier oder Stoff ze verwandelen.

RTL

© Josée Bourg

D'Expo "Mutatiounen" soll en Hommage un eis Wuerzelen an eis Virfaren sinn.

LUXEMBOURG CITY MUSEUM: Collectionner, une sacrée mission...! (8. Oktober) 

Eng Kollektioun opbauen ass eng vun den zentralen Aufgaben vun engem Musée. D'Wuerzeln vum Sammelen ginn zréck bis an di fréi Neizäit. Deemols waren d'Konscht an d'Objeten aus de Kollektiounen ganz seelen an aussergewéinlech. Haut ass d'Sammelen zu enger Standard Professioun ginn. Di nei Ausstellung am Luxembourg City Museum weist wéi d'Objeten iwwerhaapt an eng Kollektioun kommen.

RTL

© Les 2 Musées De La Ville De Luxembourg

Als Visiteur gëtt een also gewuer wéi d'Curateuren am Musée d'Objeten eraussichen, wéi se opgeholl, dokumentéiert oder och restauréiert ginn. Soubal en Objet an enger Muséesammlung ass verléiert en seng ursprénglech Funktioun. "Collectionner, une sacrée mission...!" konzentréiert sech op reliéis Objeten. Hir Bedeitung an hiren Zweck kann een an der Ausstellung erëm entdecken.

D'Ouverture vun der neier Ausstellung ass den 8. Oktober an domat bitt d'Nuit des Musées eng gutt Geleeënheet dës Schätz z'entdecken.