Déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Raumfaart gëtt e Film am Weltall gedréint. A Russland huet d'Kompetitioun géint d'Nasa alt nees gewonnen.

Sëllege Filmer, déi am Weltraum spillen, gëllen als Klassiker vun der Kinosgeschicht. Dorënner "2001: A Space Odyssey" a "Star Wars". Ma als Kuliss hunn hei awer net d'Wäite vum All gedéngt, mä meescht e Studiohannergrond zu Hollywood. Dat ännert awer elo.

Déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Raumfaart gëtt e Film am Weltall gedréint. A Russland huet d'Kompetitioun géint d'USA alt nees gewonnen. Déi russesch Raumfaartautoritéit Roskosmos hat de Projet ugekënnegt, just nodeem d'Nasa iwwer Pläng fir een Dréi op der ISS mam Hollywood-Star Tom Cruise fir d'Action-Filmrei "Mission Impossible" informéiert hat. Deementspriechend kuerz war och d'Virbereedung fir de Fluch an d'Dréiaarbechten, déi nëmmen e puer Woche gedauert huet.

Mam Film geet et Russland also mol rëm eng Kéier dorëm, méi séier ze sinn wéi d'USA. Scho wärend dem Kale Krich hate sech d'USA an déi deemoleg Sowjetunioun e Laf ëm d'Weltall geliwwert. Wärend Moskau mam Juri Gagarin 1961 deen éischte Mënsch an d'All geschéckt huet, ass den Amerikaner Neil Armstrong 1969 als éischte Mënsch um Mound gelant. An elo huet Russland d'Kompetitioun ëm deen éischte Film am Weltall gewonnen.

RTL

© Russian Space Agency Roscosmos/AFP/Archiv/Handout

D'Schauspillerin Julia Peressild an de Regisseur Klim Schipenko sinn en Dënschdeg a Begleedung vum Kosmonaut Anton Schkaplerow mat enger Sojus-Rakéit op déi International Raumstatioun ISS geflunn. Géint hallwer véier ass d'Filmcrew da gutt op der ISS ukomm.

12 Deeg huet d'Mini-Filmcrew Zäit fir den Dréi op 400 Kilometer iwwert der Äerd. "Wysow", also Erausfuerderung, heescht den Aarbechtstitel vum Film, deen zum Deel am All entsteet. De Film gëtt vu Roskosmos zesumme mam Staatssender Perwy Kanal produzéiert.

D'Julia Peressild spillt am Weltraumdrama eng Doktesch, déi ee Kosmonaut rette soll, deen op der ISS krank ginn ass. Den Astronaut huet deemno Bewosstsi verluer a géif den Réckfluch op d'Äerd net iwwerliewen. D'Doktesch soll hien dowéinst op der ISS operéieren. 35 Minutte vum Film sollen am All spillen.

RTL

© Agence spatiale russe Roscosmos/AFP/Handout

An der Realitéit wier de chirurgeschen Agrëff op enger Raumstatioun awer net méiglech. Héchstens d'Bitze vun Oderen, Veenen oder der Haut wier méiglech. Donieft géifen et medezinesch Apparater op der ISS ginn, fir ze reaniméieren. Méi schwéier Krankheete missten allerdéngs op der Äerd traitéiert ginn.

Och den 49 Joer ale Kosmonaut, deen déi zwee begleet, spillt eng Roll am Film. Hie wäert als Astronaut ze gesi sinn, deen d'Doktesch op d'ISS flitt. Virum Start sot de Schkaplerow, datt d'Roll als Schauspiller fir hien ongewinnt wier.

Ma de Film wier fir Roskosmos och ee wëssenschaftlechen a pedagogesche Projet. Heimat soll de Beruff vum Astronaut méi bekannt gemaach ginn. Der Raumfaartagence no géif déi méi schnell Formatioun, wéi d'Filmteam se matgemaach huet, an Zukunft dofir gebraucht, fir aner Spezialiste wéi Dokteren oder Fuerscher an d'All ze schécken.

Méi Detailer an Informatiounen zu de Virbereedungen an dem Fluch op d'ISS-Statioun, fannt Dir um YouTube-Kanal vu Roskosmos, der russescher Raumfaartagence. Wie kee Russesch kann, fënnt op YouTube genuch Videoen an anere Sproochen.