Den Théâtre du Centaure, deen am Dierfgen an der Groussgaass doheem ass, huet seng Produktioune lescht Joer all ausserhalb gespillt.

Fir déi nei Saison wëll een och nach emol op dës Offer zeréckgräifen fir ouni Stress kënnen ze plangen. Den neie Programm gräift op vill Erfarungswäerter aus der Pandemie-Zäit zeréck.

D'Solidaritéit ënnert den Haiser war enorm, dat ass och de Fazit vun der Direktesch vum Centaure Myriam Muller an nach eppes kann een aus der Covid-Zäit zeréckbehalen, wou jo d'Büne vum Januar un nees op waren: Déi gutt opgestallte Lëtzebuerger Zeen.

Wa mer déi Artisten, déi Lëtzebuerger Artisten, net schonn all déi Joren ënnerstëtzt hätten a weider ënnerstëtzen, dann hätte mer all déi Zäiten näischt op der Bün gehat, well d'Auslänner sinn net op Lëtzebuerg komm, dat heescht op eemol war sou e schwaarzt Lach an de Programmatioune vun de groussen Haiser. Natierlech ass dat wichteg d'Ausland, erauszekommen, aner Saache vu baussen ze gesinn, mä et ass wierklech och wichteg ze wëssen, wien een ass a vu wou ee kënnt.

RTL

D'Direktesch Myriam Muller / © Boshua

An deem Sënn leeft dann och déi nei Saison vum Centaure. Lëtzebuerger Themen komme vrun allem an de Produktiounen op d'Bün. Dofir si Commanden un Auteure gaangen.

D'Lady Rosa zum Beispill vum Nathalie Ronvaux ass ganz kloer e Stéck, wat soll natierlech e Fraestéck sinn, mä wat soll iwwer eng Lëtzebuerger Aventure schwätzen. De Romain Butti schreift och iwwer Lëtzebuerg an a Lëtzebuerger Sprooch. Dat heescht: Wéi wäit kann ee goen, sech einfach inspiréiere loosse vu baussen, mä ech mengen et ass ëmmer méi urgent och iwwer Lëtzebuerg ze schwätzen.

RTL

"Erop" Raoul Schlechter (Acteur), Romain Butti (Auteur), Fabio Godinho (Regisseur)

Ganz doheem ass de Centaure awer nach net, et huet ee scho viru Méint decidéiert nach net am Sall am Dierfgen ze spillen. Eréischt lues a lues kommen do Aktivitéite bei.

De Centaure ass e ganz klenge Sall an engem Keller, deen awer e bësse den Hauch vu Klaustrophobie souwisou fir d'Leit huet. An elo fir zu 50 do an engem enke Sall ze sëtzen, ech weess net, ob d'Leit scho prett sinn dofir. Mä lues a lues wäerte mer eng Lecture maachen an da kënnt nach e Bis-Programm, wou mer kënnen och einfach jonke Kënschtler de Sall ginn, fir se z'ënnerstëtzen an datt dee lues a lues nees säi Liewe kritt.

RTL

"Moi je suis Rosa" de Nathalie Ronvaux

Gespillt gëtt deemno nach am Kinneksbond zu Mamer an an de Kulturhaiser zu Miersch an Nidderaanven. Ugefaange gouf mat enger Co-Produktioun "Pour quoi faire?" zu Nanzech. Nieft den neie Produktioune wéi "Moi, je suis Rosa", "Erop" a "Juste la fin du monde", wou d'Myriam Muller selwer inszenéiert, ginn et nach Reprisen an den Talent-Lab um Enn vun der Saison.

RTL

Sales Gosses