Fir den 53 Joer ale Schauspiller wier et eng Éier, datt zu Hollywood jiddereen iwwer hien driwwer lafe kann an datt hie vu sou ville Legenden ëmginn ass.

Kuerz no der Weltpremière vu sengem leschten James-Bond-Film ass de Schauspiller mat engem Stär um Walk of Fame zu Hollywood geéiert ginn. "Ech hätt net geduecht, dass ech mech dat jee géif soen héieren, mä et ass absolut eng Éier, datt zu Hollywood jiddereen iwwert een driwwer leeft." Dat sot de 53 Joer ale Craig bei der Zeremonie e Mëttwoch.

Passend zu senger Karriär als brittesche Geheimagent 007 krut den Daniel Craig säi Stär op der Héicht vum 7007 Hollywood Boulevard, an der Géigend vu sengem Virgänger Roger Moore. Wa sech d'Gléck vun engem Mënsch u senger Gesellschaft moosse léisst, "da mécht mech d'Tatsaach, datt ech op dësem Trottoir vu sou ville Legenden ëmgi sinn, zu engem ganz, ganz gléckleche Mann", esou de Craig viru sëllege Fans, déi passenderweis mat Martini op hien ugestouss hunn.

RTL

© AFP/VALERIE MACON

Den Daniel Craig verkierpert zanter 15 Joer de brittesche Geheimagent mat der Lizenz, fir Leit ëmzebréngen. Ma och säi leschte Film, op deen ee laang huet misse waarden, ass direkt e mega Erfolleg ginn.

Bei der Aweiung war och säi Film-Kolleeg de Rami Malek dobäi, deen am 25. Bond-Film dee Béise spillt. "Wann s de d'Gléck hues, ee Béisen ze spillen, sief der léiwer sécher, datt de Gudde legendär ass", sot de Malek mat Bléck op de Craig.