Déi 20. Editioun vun der Nuit des Musées war e groussen Erfolleg. Organiséiert gouf den Event vun de 7 Muséeën an der Stad Lëtzebuerg.

Planzen, déi Musek maachen, Danzperformancen an interaktiv Konscht mat Content Creators: Fir déi 20. Editioun vun der Nuit des Musées hu sech d’Stater Muséeën eng ganz Rëtsch spannend Projeten afale gelooss, fir d’Leit an d’Muséeën ze lackelen.

Bis an d'Nuecht um 1 Auer konnt een déi 7 verschidde Muséeën entdecken. Um Programm stounge Visite Guidéeën, Ateliere fir Kanner, Musek an Danz, an duerno eng Nuit blanche am Casino. En Oldtimerbus huet de Public vun enger Plaz op déi aner bruecht. Bei de Visiteure koum den interaktive Programm allgemeng gutt un. Bis Hallefnuecht stounge si an der Schlaang, fir déi néi Exponater ze entdecken, déi deelweis extra fir den Owend entworf goufen.

Tonie Pescatore: Ech fannen et ëmmer eng extra Ambiance am MUDAM. Mir hunn déi Planzen, déi Musék maache, besonnesch gutt gefall. Dat huet mir immens Spass gemaach. 't ass och en extrat Gefill, mol rem esou vill Leit ze gesinn an ouni Mask ënnerwee ze sinn.

Trotz Coronarestriktiounen hunn dëst Joer iwwer 16.000 Leit de Wee an Muséeë fonnt.

D'Laura Zaccaria, porte Parole vun der Nuit des Musées: „Dëst Joer hu mir jo de CovidCheck, dat ass awer bis elo ganz gutt ugeholl ginn. Et schéngt d'Leit net gesteiert ze hunn, dass een op der Plaz kee Schnelltest maache konnt, mä dass ee misst an der Stad en offiziellen Test maachen. D'Leit hate vill Versteesdemech a waren immens gutt preparéiert.“

Nom grousse Succès vun dësem Joer, hunn d'Stater Muséeën dann och schonn den Datum fir déi 21. Editioun vun der Nuit des Musées matgedeelt, an dat wier dann den 8. Oktober 2022.