De Summer gëtt op den Terrassen zu Tréier an am Ëmland gäre mol ee kale Viez gedronk. Den Apelwäin soll elo zum immaterielle Kulturierwe ginn.

"Viez" ass aus der noer däitscher Grenzregioun net fortzedenken. Mat engem Alkoholgehalt vun tëscht 6 an 11 Prozent ass den däitsche "Viez" allerdéngs e gutt Stéck méi sëffeg wéi de "Viz", deen een zu Lëtzebuerg gären drénkt. Den Apelwäin huet virun allem an der Regioun ëm Tréier, laanscht d'Musel an d'Saar, eng laang Traditioun - an dat soll elo gewierdegt ginn.

Am Mee hat de Veräin vun den Tréierer "Viezbridder" de Prozess fir eng Kandidatur ëm d'Opnam op d'Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Unesco ugefaangen. Elo steet den Antrag. Den Dënschdeg de Moien iwwerreecht d'"Trierer Viezbruderschaft" d'Demande bei der zoustänneger Vertriederin vum Kulturministère a Rheinland-Pfalz.

Ënnert anerem d'Stad Tréier an d'Ministerpresidentin aus Rheinland-Pfalz, d'Malu Dreyer, hunn d'Motioun begréisst. Och eng Online-Petitioun huet schonn eng ganz Rei Ënnerschrëfte gesammelt. Zu de ronn 1.300 Signatairë gehéieren och vill Leit aus dem Saarland an aus Lëtzebuerg.

De "Viez", deen traditionell am "Viezporz" zerwéiert gëtt, ass virun allem an der Äifel an am Hunsrück doheem. D'Produktioun geet op eng Joerhonnerten al Traditioun zeréck.