Bis 1970 hat en e Partner, duerno ass e meeschtens eleng a mat groussem Succès eens ginn. Den New Yorker Sänger a Songwriter huet 12 Grammye gewonnen.

Tom & Jerry hunn déi zwee sech ganz am Ufank genannt, Jerry Landis war dann och 1 vum Paul Simon senge Pseudonyme virun der grousser Karriär. True Taylor, Tico oder och nach Paul Kane waren anerer, déi en Enn de 50er bis Mëtt 60er als Sänger a Komponist benotzt huet.

Bis 1970 hu Simon & Garfunkel mat hire Folk-Rock-Lidder net nëmmen Amerika verzaubert. D’Rolleverdeelung war kloer definéiert : De Paul war de kreative Kapp vum Duo, dee sech no 5 Albumen getrennt huet. Den Art Garfunkel wollt sech als Acteur beweisen, de Simon hat aner musikalesch Iddien am Kapp, déi en dunn och 2 Joer drop op sengem éischte Solo-Album konkretiséiert huet.

RTL

© Columbia Rec. / Warner Bros.

An op dësem Album huet sech schonn dem Paul Simon seng Faszinatioun fir World Music erauskristalliséiert, déi 1986 um Album « Graceland » hiren Héichpunkt sollt erliewen.

RTL

© Warner Bros.

« Graceland » ass mat südafrikanesche Museker realiséiert ginn, de Simon gouf mat 2 Grammyen ausgezeechent awer och vill kritiséiert : En hätt de kulturelle Boykott géint den Apartheids-Regime net respektéiert a géing déi afrikanesch Kultur just benotze fir Suen ze verdéngen. De Simon huet sech awer ëmmer nees géint esou Aussoe gewiert.

Viru « Graceland » war et awer nach dee memorabele Live-Optrëtt mam Art Garfunkel virun iwwer 500.000 Leit am New Yorker Central Park.

No dësem Concert wollt de Duo mat « Hearts and Bones » en neien Album erausbréngen, dozou sollt et awer wéinst Differenzen net kommen. De Simon huet den Album dunn eleng opgeholl a produzéiert – e Flopp. Eréischt no « Graceland » war en nees an der Spuer a mat « The Rhythm of the Saints » koum deen nächste World-Album eraus, déi Kéier mat Fokus op Brasilien.

RTL

© Warner Bros.

No engem Musical Enn den 90er, "The Capeman", dee kee grousse kommerzielle Succès gouf, hu Simon a Garfunkel 2003 eng weider Kéier zesummefonnt a si wärend 2 Joer mat hirer « Old-friends-Tournée » duerch Nordamerika an Europa gezunn.

RTL

© Legacy

2018 koum mat « In the Blue Light » säi 14. a leschten Album eraus, mat neien Opnamen an Arrangementer vu manner bekannten Nummeren aus sengem gutt-gefëllte Repertoire. Et war anengems den Äddi vun der Concertsbün an de Réckzuch an d’Privatliewen. Dräi mol war de Paul Simon bestuet, bis 1975 mat der Peggy Harper mat där en e Fils huet, an den 80er mat der Actrice Carrie Fisher an zanter 1992 ass e mat der Sängerin Edie Brickell zesummen. D’Koppel huet 3 Kanner.

RTL

© paulsimon.com / youtube

Sensibel, verbruecht, engagéiert, eegesënneg, Poet a Rabbelkapp. De Paul Simon huet der Welt e puer wonnerbar Lidder geschenkt. Dofir e grousse Merci an nëmme Guddes fir den 80.

D'Versioun fir ze lauschteren (mat vill Musek)