Nora Wagner & Catherine Lorent, The Illusion Of The End, Litteratur zu Iechternach, d'Oper "The King and his Fairies"

CENTRE D'ART DIDDELENG: Nora Wagner & Catherine Lorent (bis den 24. Oktober) 

Am Centre d'Art Nei Liicht an an der Galerie Dominique Lang kritt een den Ament nach en Abléck an d'Aarbechten vum Nora Wagner a Catherine Lorent.

RTL

D'Nora Wagner exploréiert an hirer Ausstellung d'Déiften vum Bewosstsinn mat enger participativer Approche. D'Kënschtlerin wëll hei de Prozess vun der Konscht visualiséieren an deems een als Visiteur aktiv ka matmaachen. Am Ufank vun der Ausstellung war deemno nach net vill an de Raim ze gesinn, ma all Dag ass eppes dobäi komm. Mëttlerweil stinn ëm di 30 Konschtwierker an der Expo. Den 21. Oktober um 19:30 gëtt dann och der Nora Wagner hiert Theaterstéck "Le désoeuvré" an der Ausstellung opgefouert. Se ass kollektiv opgebaut ginn an wäert dann och elo kollektiv erëm ofgebaut ginn. Dës "Déconstruction collective" ass den 23. Oktober vun 15:00 - 19:00 Auer.

RTL

Participativ ass och der Catherine Lorent hir Ausstellung. D'Kënschtlerin a Musekerin huet hei hir zwou Passiounen mateneen verbonnen: Musek, Zeechnung a Molerei.  Fir d'Expo huet d'Catherine Lorent dann och eng fiktiv Band erfonnt, wou de Visiteur ka matmaachen. D'Themen an der Expo dréine ronderëm Feminismus, Ënnerdréckung, Ongerechtegkeeten, genau sou wei och politesch Themen ugeschnidden ginn. De Finissage ass den 24. Oktober an an deem Kontext gëtt der Catherine Lorent hire Katalog mat enger klenger Performance virgestallt. 

MUDAM: The Illusion of the End - Mudam Performance Season (bis den 17. Oktober) 

D'Konscht vun der Performance ervirhiewen - dat ass d'Ziel vun der Mudam Performance Season. "The Illusion of the End" ass eng Performance Ausstellung di elo 2 Wochen gedauert huet. De Rez-de-chaussé an de Grand Hall dengen deemno als Bün fir eng Rei vu Live-Performancen vun international renomméierte Kënschtler aus Däitschland, Italien, Polen, Russland an der Schwäiz. "The Illusion of the End" soll eng Äntwert op eis zäitgenëssesch Gesellschaft a Situatioun sinn. D'Performancen si markéiert vu politeschem a kulturellem Ëmschwong. 

RTL

© Nicholas Grafia & Mikołaj Sobczak

De 16. Oktober kann een d'Performance vun der experimenteller an anonymer Plattform Vasya Run mam Titel "Stay here-you are the main act" kucke goen. D'Performance verbënnt Text, Gesten, Toun a Kostümer mateneen. Et ass eng komplex a gelueden Aarbecht, di di männlech Subkulturen an d'Ängschte vu jonke Leit ënnersicht. D'Kostümer si vum Lëtzebuerger Designer Jeremy Palluce entworf ginn.

RTL

© Vasya Run

De 15. an 17. Oktober gesäit een dann am Grand Hall vum Mudam d'Performance vum Kënschtlerduo Nicholas Grafia an Mikołaj Sobczak mam Titel "Rooms". Hei ginn d'Muechtstrukturen an di ëmmer erëm präsent Stereotyppen a Fro gestallt. D'Wierk huet rituell Beweegungen a bezitt sech op d'Villfalt vun LGBTQIA+, Pop-kulturell Elementer a perséinlech Anekdoten aus dem Liewen vun den zwee Kënschtler.

TRIFOLION: "Trifo Littéraire" (18. Oktober) 

RTL

© Philippe Matsas

Di alleréischten Editioun 2021 vum "Trifo Littéraire" befaasst sech mat Krimien. Di zwee Lëtzebuerger Auteure Jacques Steiwer an Tullio Forgiarini liesen dofir Extraiten aus hiren neie Wierker "Des camés chez les Luxos" an "Céruse". Um Programm sti Liesungen, Diskussiounen an interdisziplinär Projeten, di Literatur mat anere Konschtformen zesummebréngt. Dat Ganzt spillt sech entweder am Foyer, am grousse Sall vum Trifolion, oder och nach op anere Plazen ronderëm d'Kulturhaus of an enger passender Ambiance mat Gedrénks a Musek. Moderéiert gëtt den "Trifo Littéraire" vum Jeff Thill vum Quaichleker Bichereck.

RTL

© Collection CNL

CONSERVATOIRE: "The King and his Fairies" (15.-17.Oktober) 

RTL

"The Fairy Queen" vun 1692 ass eent vun de bekanntste Wierker vum englesche Komponist Henry Purcell. Deemools ass d'Oper geschriwwen gi fir de 15. Gebuertsdag vum Bestietnis vum Kinnek William III an der Mary II. Den 2. Mee 1693 ass se fir di éischte Kéier zu London opgefouert ginn. D'Oper besteet aus 5 Akten a baséiert op dem William Shakespeare senger Comedie "A Midsummer Night's Dream". Eng zäitgenëssesch Adaptatioun kann een dann am Conservatoire gesinn. An der neier Versioun benotzen d'Museker quasi just zäitgenëssesch Instrumenter, mee ouni de barocken Original ze vernoléissegen.

Vum 15. bis den 17. Oktober kann een di nei Versioun vun "The King and his Fairies" am Conservatoire entdecken.