E Mëttwoch war am alen Tramschapp um Lampertsbierg déi 10. Editioun vum "Luxembourg Sustainability Forum".

Dobäi geet et drëm, fir Entreprisen an aner Acteuren aus dem Wirtschaftssecteur drop opmierksam ze maachen, dass och si eng wichteg Roll beim Erhale a beim Schutz vun eiser Ëmwelt spillen.

Dëst Joer huet sech alles ëm Biodiversitéit, de Klimawandel a wéi ee méi CO2 neutral handele kann, gedréint. Ee vun de sëllegen Invitéë war de franséische Fotograf a professionellen Daucher, Alexis Rosenfeld.

Hien ass schonn op der ganzer Welt gedaucht an huet während senger Karriär seng Entdeckungen ënner Waasser a Foto a Film festgehalen. Dobäi huet hie grad sou Schockantes, wéi och Wonnerbares gesinn, virun allem an de leschte Joren hätt ee Fortschrëtter gesinn. Den Alexis huet et sech zur Missioun gemaach opzeklären an de Leit mat senge Biller, net nëmmen ze weisen, wéi schéin d'Ënnerwaasserwelt ass, mee och wéi wichteg et ass se ze beschützen. Hien huet dofir 2020 zesumme mat der Unesco e Projet gegrënnt, wou hien elo iwwer 10 Joer laang den Ozean a Biller festhält, fir de Leit Plazen ze weisen, wou d'Biodiversitéit nach net duerch de Mënsch verännert gouf an déi an Zukunft kënnen erhale ginn.

Fir hie wier d'Educatioun déi eenzeg Méiglechkeet, fir dat gréissten Ökosystem vun der Welt ze schützen. Den Ozean ass dee gréisste Liewensraum, deen et op der Äerd gëtt. Méi wéi 2/3 vun der Äerduewerfläch si vu Waasser bedeckt an duerch d'Mierer gi ronn 70% vun eisem Sauerstoff produzéiert. Grënn genuch, fir op deen opzepassen.

Mat 8 Joer léiert hie wärend der Vakanz bei senger Bom zu Paräis an enger Piscine dauchen an zanterdeem léisst hien d'Ënnerwaasserwelt net méi lass.