Zënter en Dënschdeg leeft am Kino den neien Tarantula-Film "Io sto bene". Aus der Sich no senge Wuerzelen huet de Realisateur e Fiktiounsfilm gemaach.

De Realisateur Donato Rotunno paakt hei en Theema un, dat him selwer ganz no ass: d'Geschicht vun zwee Mënschen, déi zu verschiddenen Zäiten aus Italien op Lëtzebuerg kommen.

U sech hat den Antonio domat gerechent, zesumme mat sengen zwee Frënn vun Italien aus an d'Belsch schaffen ze goen. Ukomm ass en awer zu Lëtzebuerg. Do huet e sech e Liewen opgebaut. 50 Joer méi spéit begéint hien dem jonke Leo, dat och aus Italie staamt an elo probéiert, zu Lëtzebuerg ze bleiwen.

No "Terra Mia, Terra Nostra" huet den Donato Rotunno sech nach emol op d'Sich no senge Wuerzele gemaach, déi Kéier awer net dokumentaresch, mä an engem Fiktiounsfilm.

Och wann et zwee perséinlech Schicksaler sinn, déi sech hei fannen, erzielt de Film "Io sto bene" awer och déi aktuell Geschicht vu Lëtzebuerg.

Bei der Avant-première virun zwou Wochen huet sech déi ganz Ekipp vum Film gefreet, sech emol nees viru vollem Sall ze presentéieren. Beim Cast aus Lëtzebuerger an italienesche Schauspiller waren d'Marie Jung als "Mady" an de Renato Carpentieri als "Antonio" dem Realisateur seng Wonsch-Acteuren. E Film, deen op e puer Niveaue spillt, dee ganz vill Ambiance huet, deen engem als Spectateur awer um Enn net all Froe beäntwert.