Mat hirer Musek Fans eng Freed bereeden a gläichzäiteg der Ëmwelt eppes Guddes doen: Dat ass d'Zil vun der brittescher Band.

D'"Music Of The Spheres World Tour" hätte si zanter Jore geplangt an elo soll et endlech esouwäit sinn. Ënnert anerem wäerte si den 2. an 3. Juli zu Frankfurt optrieden. Anescht wéi déi Toure virdru soll dës Kéier grousse Wäert op d'Thema Nohaltegkeet geluecht ginn.

Si wiere sech bewosst, dass d'Welt géing virun enger Klimakris stoen an dowéinst hu si sech déi lescht 2 Joer vun Ëmweltexperte berode gelooss. Si wollten hir Optrëtter uechter d'Welt esou nohalteg wéi méiglech gestalten.

Wéi genee hir Moossnamen ausgesinn? D'Bild-Zeitung huet e puer vun de Mesuren opgelëscht. Ënnert anerem solle bei dëser Tour 50% manner onmëttelbar Emissiounen entstoe wéi bei där vun 2016-2017. Fir d'Show gëtt op erneierbar an emissiounsaarm Energien zeréckgegraff. Iwwerall géingen zum Beispill Solaranlage stoen an et gouf un e kinetesche Buedem am Stadion geduecht. Fir all Concertsticket, dee verkaf gëtt, wäert iwwerdeems ee Bam geplanzt ginn. Ausserdeem ginn d'Fans op der offizieller Tour-App motivéiert, CO2-aarm Transportmëttel um Hin- a Réckwee ze benotzen. Wien dat mécht, soll op der Plaz mat engem Bong belount ginn. Da gëtt de Spectateure gratis Drénkwaasser ugebueden an et gouf sech als Zil gesat, esou mann wéi méiglech Gedrénks a Plastiksfläschen ze verkafen. Eng weider Moossnam ass, dass 10% vun de Recetten un e Fong fir ëmweltfrëndlech-sozial Zwecker solle goen.