"Et gëtt Zäit" schreift de Kaleidoskop-Theater a sengem Programmheft, Zäit nees op d'Bün ze kommen an ze spillen.

De klengen Ensembel, deen an der Gemeng Beetebuerg doheem ass, krut knapps emol d'Halschent vun de Produktioune vun der leschter Saison opgefouert. Elo ass een awer zouversiichtlech fir déi nei Saison, och wann een d'Bün wiessele wäert.

16/10/2021 Nei Saison am Kaleidoskop

Et ass awer vill gehollef gi vun ëffentlecher Säit, dovunner konnte vrun allem och déi onofhängeg a jonk Artiste profitéieren, seet den Direkter Jean-Paul Maes. Dat géif dem Beräich och eng Wäertschätzung ginn.

Et huet e grousse Politiker gesot, et wier e Liewesmëttel, d'Konscht, d'Kultur an dat ass et och. Well wa mer keng Kultur méi hunn, wa mer eis net ausernanersetze mat eisem Liewen op kulturellem Gebitt, dat ass och en Deel dovunner op theatraleschem Gebitt, da geschitt, datt mer eis mat de Keilen op de Kapp schloen an datt mer eebe keng Kutur hunn a keng Mënschlechkeet a kee mënschlechen Ëmgang méi mateneen.

RTL

Den Direkter Jean-Paul Maes

4 Produktioune si fir déi nei Saison programméiert. Dozou gehéiert och eng Kreatioun mam Titel "Et geet ëm eng gëlle Kou". Déi wäert am Mee gespillt ginn, da wa Beetebuerg als eng vun de Partnergemenge vun Esch 2022 am Mëttelpunkt steet. Eng Produktioun mat véier Eenakter vu véier verschiddenen Auteuren (Joao Santos Lopes, Claudia Lucas Chéu, Ian de Toffoli, Jean-Paul Maes), déi hir Aschätzung vun der aktueller europäescher Situatioun a Portugal an zu Lëtzebuerg erëmginn.

RTL

En ausgetëppelte Schong - Reprise mam Nora König a Marc Baum am November am CAPE zu Ettelbréck

Déi aner 3 Stécker stame vun bekannten Auteuren, sinn deels scho Klassiker: "Woyzeck" vum Büchner an enger Mise en scène vum Jean-Paul Maes. An der Elfriede Jelinek hirem Wierk "Ulrike Maria Stuart" stinn d'Marie Jung an d'Rosalie Maes op der Bün. Den Optakt vun der Saison ass awer am Schlass zu Beetebuerg mam Samuel Beckett sengem Stéck "Glückliche Tage", wou nieft dem Claude Faber d'Béatrice Emmes ze gesinn ass. Et ass dat en onbekannten Numm, e Pseudonym fir eng wichteg an zäitgeméiss Performance duerzestellen.

RTL

"Glückliche Tage" vum Samuel Beckett mam Beatrice Emmes

D'Regie ass vum Florian Hackspiel, d'Première ass e Freideg 22. Oktober zu Beetebuerg am Schlass.

Dëst Stéck ass dann och dat lescht, dat zu Beetebuerg ass, dono gëtt op Hunchereng an den neie Centre Culturel geplënnert.