D'Gewënner an de 4 Kategorië ginn den 18ten November zu Walfer bei der Präisiwwerreechung ausgezeechent. Hei fannt Dir all d'Bicher vun der Shortlist:

D'Lëtzebuerger Bicherediteuren hunn elo d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2021 publizéiert. D'Gewënner wäerten am Kader vun enger Zeremonie zu Walfer ausgezeechent ginn, dat den 18ten November. Am Virfeld vun der Präisiwwerreechung ass och déi éischt Après-midi professionnelle vum Buch an Editiounssecteur.

D'Shortlist ass dëst Joer a véier Kategorië mat am Ganzen 16 Nominatiounen opgedeelt, aus deenen de Jury d'Gewënner eraussicht.

Literatur:

  • Jemp Schuster, Bluttsëffer, Editions Imprimerie Centrale
  • Tullio Forgiarini, Céruse, Hydre Editions
  • Nathalie Ronvaux, Le Chesterfield du cinquième, Editions Guy Binsfeld
  • Jean Back, L'Arc di Marianna, Editions Guy Binsfeld
  • Guy Helminger, Die Lombardi-Affäre, capybarabooks

Sachbicher:

  • John Marshall, #LuxUKLinks, Maison Moderne
  • Anna Molzahn, Lëtzebuerger Ardennen, Editions Schortgen
  • Esch-sur-Alzette, Guide historique et architectural, capybarabooks
  • Heidi Howcroft & Marianne Majerurs, Luxemburg Land der Rosen, Editions Schortgen
  • Jean Bour, Les crimes devant les magistrats luxembourgeois, Paul Bauler Editions

Kannerbicher:

  • Marina Fonseca & Lisa Junius, Walking the Mountain, Zoom Editions
  • Marie Isabelle Callier, Ma famille Patchwork. Une petite catastrophe, PersPektiv Editions
  • Sonja, 12 Nei Gutt-Nuecht Geschichten, Editions Phi

Design:

  • 40 Years Valentiny Architects: Stories from the Inside, Point Nemo Publishing
  • John Marshall, #LuxUKLinks, Maison Moderne
  • Marina Fonseca & Lisa Junius, Waking the Mountain, Zoom Editions

D'Membere vum Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis 2021 sinn: Marcel Kieffer (Journalist), Isabelle Marinov (Autrice), Romy Liefgen (Libraire), Miriam Rosner (Grafikerin) a Pascal Seil (Centre national de littérature).