En zweedeelegt Wierk vum brittesche Kënschtler Banksy mam Numm "Girl with Balloon" ass e Freideg am Londoner Auktiounshaus Christie's versteet ginn.

Op zwou Leinwänn ass dat berüümte Motiv ze gesinn: e Meedchen, dat sech no engem roude Ballon an Häerzform streckt.

Fir ëmgerechent 3,7 Milliounen Euro huet d'Wierk aus dem Joer 2005 de Besëtzer gewiesselt. De Präis kann awer net mat den 21,8 Milliounen Euro mathalen, dee Sotheby's den Dag virdrun fir d'Motiv "Love in the Bin" krut.

Beim Bild handelt et sech ëm eng aner Versioun vum "Girl with Balloon", dat sech virun 3 Joer kuerz no der Steet deelweis selwer zerstéiert huet. De Banksy hat sech zu dëser Aktioun bekannt, mat där hie géint d'Kommerzialiséierung vum Konschtmaart protestéiere wollt.