D'lescht Woch huet d'BIL d'Dieren zu hirer neier Ausstellung opgemaach.

Fir dës Ausstellung hunn eng Rëtsch Kënschtler an Entreprisen d’Thema Mobilitéit op hir eege Manéier interpretéiert.

„La mobilité, c’est la liberté de se déplacée pour voyager, pour travailler, pour apprendre.“ Esou fänkt de Communiqué vun der BIL un, andeem si d’Konzept fir hir nei Ausstellung „IM-MOBILITY“ präsentéieren. No geschwënn zwee Joer Pandemie wier nämlech grad dës Fräiheet zimmlech limitéiert, esou d’Karin Scholtes, Member vum Comité de Direction vun der BIL.

11 Kënschtler hunn d’Thema Mobilitéit op hir eege Manéier interpretéiert. Ënnert hinnen: d’plastesch Kënschtlerin Claudia Passeri, déi d’Thematik éischter am iwwerdroene Sënn interpretéiert huet. Si stellt hei zwee Biller aus hirer „Landscape“-Serie an eng Skulptur aus. Niewent de Kënschtler hunn awer och eng Rëtsch Entreprisen hir Visioun vun der mobiller Zukunft presentéiert. Sou stellt d’Entreprise „Motor Development International“ hiren zéro-Emissiounen-Auto „Airpod 2.0“ vir, deem seng Form vun enger Drëps Waasser inspiréiert ass. An och Goodyear huet en innovatiivt Konzept am petto, dat si hei fir d’éischt Kéier live virstellen.

D’Ausstellung „IM-MOBILITY“ kann een nach bis de 14. Januar an d’Galerie Indépendance an an de Park Heintz vun der BIL kucke goen.