"Climate Heroes" wëll de Focus op d'Leit setzen, déi sech fir de Klima asetzen an net d'Repercussioune vum Klimawandel op d'Natur dokumentéieren.

Dës gouf virun iwwer engem Joerzéngt vum franséische Fotograf Max Riché lancéiert an huet als Zil, Leit aus der ganzer Welt ze presentéieren, déi an hirem Domaine eppes géint de Klimawandel maachen.

D’Iddi fir dëse Projet koum him fir d’éischt wärend der UN-Klimakonferenz am Dezember 2009 zu Kopenhagen. Amplaz d’Repercussiounen an der Natur ze dokumentéieren, huet hie sech awer dofir decidéiert, de Fokus op d’Leit ze setzen an hiren Engagement fir Changementer ze bewierken. Dat war den Ufank vun der Multimedia-Plattform "Climate Heroes".

Iwwer déi nächst Joren hu sech eng ganz Rëtsch Fotografen aus der ganzer Welt him dunn ugeschloss, sou dass d’Plattform zimmlech séier zu engem richtege Mouvement ginn ass. Niewent der Websäit, wou si d’Hannergrondgeschicht vun den eenzele "Climate Heroes" zielen, hëlt de Max Riché awer och un Table Rondes deel, organiséiert Ausstellungen an huet viru Kuerzem och e Buch mam nämmlechten Titel erausbruecht.

Och hei zu Lëtzebuerg huet hien elo e Climate Hero fonnt. De Carlo Hein ass de Grënner vun der Lëtzebuerger Cider-Firma Ramborn a gouf zesumme mat senger ganzer Ekipp, an de Wéngerte fotograféiert. Dat ass dann och ënner anerem eng vun de Fotoen, déi een an der Ausstellung "Climate Heroes" nach bis den 29. Oktober an de Bierger-Center ka kucke goen.