De legendären US-Komiker Mel Brooks schafft un enger Suitte vu senger Erfollegsgeschicht, déi viru 40 Joer erauskoum.

Geplangt ass eng Serie vun 8 Deeler mam Titel "History of the World, Part II". Dat huet de Streamingservice Hulu e Méindeg Lokalzäit matgedeelt. De 95 Joer ale Brooks wëll d'Serie matschreiwen a matproduzéieren. D'Dréiaarbechte solle schonn am Fréijoer ufänken.

"Ech kann et kaum erwaarden, eemol méi d'Wouerecht iwwer all déi falsch Quatsch-Geschichten z'erzielen, déi der Welt als Geschicht verkaf goufen", sou de Brooks.
D'Slapstick-Komedie "History of the World Part I" - déi verréckt Geschicht vun der Welt Deel I - war 1981 an d'Kinoe komm. De Film huet d'Mënschheetsgeschicht vun der Steenzäit bis zur Franséischer Revolutioun parodéiert. De Mel Brooks selwer huet doran ënner anerem de Moses verkierpert an de franséische Kinnek Ludwig XVI.

De Film huet ganz um Schluss eng Suitte annoncéiert, déi awer ni koum. Do gouf ënner anerem eng Sequenz mam Titel "Hitler on Ice", an deem den Diktator als Äiskonschtleefer an NS-Uniform ze gesi war, ugekënnegt.

De Mel Brooks, 1926 an enger jüddescher Famill am New Yorker Quartier Brooklyn gebuer, huet ëmmer gär de Geck mam Hitler gemaach, zum Beispill a senger Komedie  vun 1968 "The Producers" -  Fréijoer fir den Hitler. Iwwregens soll dem Brooks seng Autobiographie nach am Enn November dëst Joer rauskommen.