HARIKO - Ausstellung, The Benoît Martiny Band, Shakespeare am TNL, CHAiLD & Maz

CAPE: Garden your mind - Hariko Kollektiv (bis den 27. Oktober) 

RTL

© Pierre Weber

D'Gruppenausstellung "Garden your mind" am CAPE zu Ettelbréck stellt den Neizougang aus der kreativer Zeen vun der Nordstad fir. Zënter Abrëll dësem Joer schaffen 6 lokal Kënschtler am sanéierte Gebai an der Rue de l'Arcade, am HARIKO. Si bidden verschidde Konschtformen a Workshoppen fir Jugendlecher vun 12 bis 26 Joer. Ziel vum HARIKO ass et de Jugendlechen en direkten Zougang zur Konscht unzebidden an dat op eng spilleresch an einfach Manéier. Domat ass et eng Plaz wou Austausch an Kreativitéit grouss geschriwwen ginn. D'Ausstellung weist di verschidden Disziplinnen vun de 6 Kënschtler: Molerei, Fotografie, Skulptur a Collage.

Nach bis den 27. Oktober kann een d'Ausstellung "Garden your mind" an de CAPE kucken goen. 

ANCIEN CINEMA: Jazz Goes North - Benoît Martiny Band (den 23. Oktober) 

Wien Loscht op en Jazz-Owend huet deen ass den 23. Oktober am Ancien-Cinéma zu Veianen richteg. "Jazz goes North" ass den Titel vum Owend mat der Benoît Martiny Band. D'Jazz-Rock Band, di et zënter 2004 gëtt, ass tëschent dem Benoît Martiny senger Garage zu Rammeldang an de Stroossen vun Rotterdam gegrënnt ginn. D'Bandmemberen hu sech wärend dem Jazzstudium kennegeléiert an hir Musek ass um Jazz, Rock, Free Jazz an Psychedelia inspiréiert.

Iwwert di läscht Joren huet d'Benoît Martiny Band scho 6 Alben erausbruecht an ass duerch ganz Europa, Japan a Venezuela getourt.  Um 20:00 Auer kann een d'Band dann live am Ancien-Cinéma erliewen.

TNL: "Was ihr wollt" (ab dem 22. Oktober) 

Den TNL feiert den 22. Oktober Première vum Theaterstéck "Was ihr wollt". D'Stéck gëtt inzenéiert, a Koproduktioun mam Theater vun Tréier, an dem Frank Hoffmann. "Was ihr wollt" ass e Stéck vum William Shakespeare an gëllt haut zu den meeschtgespillten Stécker vum engleschen Dramaturg. Et ass eng Komedie di immens villsäiteg a melancholesch ass. D'Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onglécklecher Léift an dem Schicksal vun de getrennten Zwillingen Viola a Sebastian. De William Shakespeare huet d'Theaterstéck ëm 1601 geschriwwen an ass ee Joer dono fir di éischte Kéier opgefouert ginn.

"Was ihr wollt" gëtt bis den 28. Oktober am TNL gespillt mam: Nora Koenig, Jacqueline Macaulay, Barbara Ullmann, Ulrich Gebauer, Martin Geisen, Raphael Christoph Grosch, Michael Hiller, Klaus-Michael Nix, Jan Plewka, Giovanni Rupp, Manuel Krass.

KULTURFABRIK: CHAiLD & Maz (den 23. Oktober) 

Et ass di éischte Kéier datt si zesummen op der Bün stinn. Di zwee Lëtzebuerger Museker CHAiLD an Maz presentéieren den 23. Oktober an der Kulturfabrik hir individuell Musek ma awer och hir kënschtleresch Synergie. 2019 hunn si d'Lidd "Sick Water" erausbruecht an zënter deem schaffen di zwee Frënn och emol zesummen un neier Musek. Hir Stilrichtungen sinn ganz ënnerschiddlech mee ergänzen sech gutt. Den CHAiLD ass bekannt fir seng mi douce a lues Rhythmen a seng waarm Stëmm, woubäi de Maz méi Tempo a seng Musek leet. De Maz zielt mëttlerweil zu de bekannte Lëtzebuerger Rapper.

2019 huet den Adriano Lopes Da Silva, deen haaptsächlech zu Liverpool lieft, de Projet CHAiLD gegrënnt. Den Auteur, Komponist an Interpret kombinéiert sensibel Texter mat engem atmosphäreschen an zäitgenësseschen Sound.

2018 huet de Maz de Präis vum beschten Interpret um Scrieming Fields gewonnen. Säi Rap a seng modern Texter ginn duerch Old School Beats ënnerstëtzt. Seng Inspiratioun hëlt hien aus dem Alldag an dem Liewen an gëtt deenen eng Stëmm di eng brauchen. Ongerechtegkeeten an d'Leed kommen deemno vill a sengen Texter fir.

Den 23. Oktober kann een di zwee jonk Museker dann zesummen op der Bün erliewen. Support Act ass de Maale Gars.