De Jean Portante lieft zanter den 80er Joren zu Paräis. Säi Beruff, Poet, do ass déi Franséisch Haaptstad eng ideal Plaz fir seng Inspiratioun ze nieren.

Iwwer 40 Bicher sinn aus dem Jean Portante senger Fieder entstanen an och eng Rei literaresch Präisser, notamment de Servais Präis, deen hien direkt zweemol an dat och nach hannertenee gewonnen huet, stinn a sengem Palmarès.

Op Plaze wou och schonn Nimm wéi Sartre, Hemingway oder Prévert Wierder zu deels ikonesche Sätz formuléiert hunn, huet ee vun eise gréisste Poeten déi éischt Anthologie vun der Lëtzebuerger Poesie a Franséischer Sproch verfaasst.

Vum 20. bis de 24. Oktober ass den "Marché de la poesie” zu Paräis. A Lëtzebuerg ass dëst Joer, dat Land, wat bäi dësem Salon besonnesch an de Virdergrond gestallt gëtt. Esou presentéiert de Jean Portante seng Anthologie, awer och Stëmme vun 22 Lëtzebuerger Schrëftsteller, déi vum Jean Portante erausgesicht an och an dräi Sproochen iwwersat sinn.