Bei Dréiarbechte vun engem Hollywood-Film koum et zu engem trageschen déidlechen Accident. Mir hu bei engem Expert nogefrot, wéi een dat verhënnere kéint.

Den US-Schauspiller Alec Baldwin huet d'Kamerafra Halyna Hutchins erschoss an de Regisseur Joel Souza blesséiert. Dëse konnt d'Spidol awer schonn e Freideg verloossen. Et soll wéi gesot en Accident gewiescht sinn.

Passéiert ass dëst beim Dréi vun engem Western-Film. De Baldwin, deen d’Haaptroll an deem Film spillt a selwer Co-Produzent ass, hätt deemno mat enger Requisitewaff geschoss, déi awer mat richteger Munitioun geluede war.

An engem éischte perséinleche Message no dësem tragesche Virfall huet de Baldwin sech zu Wuert gemellt. Hien huet de Baldwin matdeelt, datt hien a Kontakt mat dem Mann an der Famill vun der Halyna Hutchins géif stoen an hinne säi Support ugebueden hätt. "Mäi Häerz ass gebrach fir hire Mann, hire Jong an all d'Persounen, déi Halyna kannt hunn a gär haten".

Hie huet och wësse gedoen, datt hien an alle Beräicher mat der Police géif kooperéieren.

Den Alec Baldwin ass ënnert anerem bekannt aus de "Mission Impossible"-Filmer an huet wärend dem Trump senger Amtszäit reegelméisseg den US-President an der Sendung "Saturday Night Live" imitéiert.