De Jan Plewka kennt ee jo normalerweis als de Sänger vun der Däitscher Rockband „Selig“. Den Ament ass hien awer am TNL ënnerwee als den „Hofnarr Feste“.

Dat ass ee vun den Haaptcharakteren aus dem William Shakespeare sengem Stéck „Was ihr wollt“, dat, éischten Opzeechnungen no, 1602 fir d’éischt fir e Public opgefouert gouf. Bis haut zielt et zu engem vum Shakespeare senge meescht gespillte Stécker a fëllt och hautzedaags nach ganz Säll. Dat konnt een e Freiden den Owend dann och rëm gesinn. Do war nämlech d’Lëtzebuerger Première vun der neier Inzenéierung vum Frank Hoffmann, deen d’Stéck, zesumme mam Tréierer Theater, fir e moderne Public zougänglech gemaach huet.

„Was ihr wollt“ zielt d’Geschicht vun den Zwillinge Viola a Sebastian, déi vun enee getrennt goufen, wéi hiert Schëff ënnergaangen ass. D’Viola ass heibäi zu Illyrien gelant, wou et sech fir e Mann ausgëtt an als Dénger fir en Herzog schafft an deen et sech dann och nach verléift. Dësen ass awer an eng Gräfin verléift, déi sech hirersäits an d’Viola, alias de männlechen Dénger vum Herzog, verléift. Dee "Liebesdräieck" ass eent vun den zentralen Elementer déi dëst Stéck sou amüsant maachen.

Dës Komik gëtt dann nëmmen nach méi verstäerkt duerch den „Hofnarr Feste“, deen dëser Inzenéierung eng modern Touche a Form vu bekannte Lidder gëtt. Gespillt gëtt den "Hofnarr" vum Däitsche Sänger Jan Plewka, dee vill Similaritéiten tëschent sengem Roll a sengem reale Liewen als Sänger vun der Rockband „Selig“ gesäit. Béid hätten nämlech als Zil d’Leit z’ënnerhalen.

„Was ihr wollt“ kann een nach bis den 28.Oktober an den TNL kucke goen.