Zu Las Vegas goufen elo am Ganzen 11 Konschtwierker vum spuenesche Moler Pablo Picasso versteet.

D'Glanzstéck vun der Sammlung mam Titel "Fra mat rout-oranger Mutz" war op 20 bis 30 Milliounen Dollar geschat ginn a gouf e Samschdeg fir 40,47 Milliounen Dollar - ëmgerechent 34,7 Milliounen Euro - verkaf. D'Wierker goufe vum Auktiounshaus Sotheby's am Luxushotel  Bellagio versteet.

Den am Januar 1938 gemoolte Portrait vu senger Muse Marie-Thérèse Walter war de kréinenden Ofschloss vum Picasso senger inspiréierendster a produktiivster Period. D'Marie-Thérèse Walter huet de Kënschtler zu ville vun de berüümtsten Biller inspiréiert. De Picasso hat d'Affaire ugefaangen, do war si 17 Joer al.

Och 2 Portraiten aus de leschte Liewensjore vum Spuenier koumen ënnert den Hummer: D'Bild "Mann mat Kand" krut 24,4 Milliounen Dollar an "Büst vun engem Mann" 9,5 Milliounen Dollar.