Den Tyler war virun allem bekannt fir seng Roll als Gunther an der US-Sitcom "Friends". E Sonndeg ass de Schauspiller am Alter vun 59 Joer gestuerwen.

Den US-amerikanesche Schauspiller James Michael Tyler ass dout. Hien ass e Sonndeg am Krees vu senger Famill gestuerwen, esou US-Medie wéi TMZ. Den Tyler huet als 7. "Friend" gegollt an hat an den 10 Joer ronn 150 Optrëtter an der Serie.

Hien war dee Charakter niewent de 6 Haaptacteuren, deen am dacksten an den Episoden opgetrueden ass, dat als Gunther, deen an engem Café geschafft a sech an d'Rachel (Jennifer Aniston) verléift hat.

Bekannt ass den Tyler ënnert anerem och nach duerch seng Optrëtter bei der Serie "Scrubs".

Ufank dës Jores huet de Schauspiller bekannt ginn, dass hie Prostatakriibs hätt.