Wa Jugendlecher eppes penibel fannen oder sech fir een anere schummen, gëtt dat dacks "cringe" genannt.

Virun allem bei de Jonken ënner 20 Joer ass de Begrëff wäit verbreet. Elo ass d'Wuert Jugendwuert vum Joer 2021 ginn. D'Wuert huet sech bei der Ëmfro vum Langenscheidt-Verlag mat 42% vun de Stëmmen duerchgesat.

D'Wuert huet souguer e feste Bestanddeel am aktive Sproochegebrauch, erkläert de Verlag. Dat géif een och schonn dorunner gesinn, dass "cringe" 2020 op der Plaz 2 war.

Niewend "cringe" waren d'Begrëffer "sheesh" a "sus" nach an der enker Auswiel. "Sheesh" dréckt Erstaunen aus a kënnt vum englesche Begrëff "Jesus". "Sus" ass d'Ofkierzung vu "suspect", also verdächteg oder opfälleg. "Sus" ass op d'Plaz 2 komm, dat nach viru "sheesh".

Bei der Ëmfro vum Langenscheidt hunn de 14. Juni ronn 1,2 Millioune Jugendlecher matgemaach. 2020 ass d'Wuert "lost" iwwregens d'Jugendwuert vum Joer ginn.