D'Tickete fir de Kënschtler, deen am beschte fir säi Lidd "Lion" bekannt ass, ginn de 27. Oktober um 10 Auer an de Virverkaf.

De Schauspiller a Museker Oscar Leone ass hei zu Lëtzebuerg gebuer, wunnt awer mëttlerweil an Island, wou hien als Star gefeiert gëtt. Fir de Videoclip vum Lidd "Superstar" war hie fir déi islännesch Grammys nominéiert.

Den Oscar Leone war an de leschte Woche awer och méi dacks nees hei a senger aler Heemecht an huet ënner anerem eng nei  Rocklab Session an der Rockhal opgeholl. A genee do ass den 12. November 2021 säin nächste Concert.

Mat am Gepäck säin Hit "Lion", e Lidd iwwer eng fréier Frëndin a verluere Léift vum Lëtzebuerger Museker.

Am Virprogramm kënnt Dir Iech vum Talent vum Josh Island iwwerzeegen.

Auerzäiten:

D'Dieren um 20.00 Auer
Josh Island um 20.30 Auer
Oscar Leone um 21.30 Auer
De Virverkaf fänkt e Mëttwoch 27. Oktober um 10 Auer un.

Dëse Samschdeg 30. November ass den Oscar Leone och am No Art On Air zu Gaascht.

Gewannt Är Koppel Ticketen

RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "OscarLeone" an Ären Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt mat e bësse Chance eng Koppel Tickete fir de Concert.