Um Mëttwoch ass an Hong Kong e verschäerft Filmzensurgesetz a Kraaft getrueden, dat al Filmer géint Verstéiss vun der nationaler Sécherheet bestrooft.

Et ass e ferme Réckschlag fir d'kënschtleresch Fräiheet vun der Stad. D'Autoritéiten hunn eng komplett Prozedur géint d'Kritiker aus Peking ageleet, an dat nodeems virun zwee Joer riseg demokratesch Protester d'Stad getraff hunn.

En neit chinesescht Sécherheetsgesetz an eng offiziell Campagne mam Titel "Patriote regéieren Hong Kong" hunn zanter deem vill Meenunge kriminaliséiert an d'Demokratiebeweegung erstéckt.

Filmer an Dokumentatioune sinn zu engem vu ville Kulturberäicher ginn, déi d'Autoritéite wëllen opraumen. Am Juni hat d'Stad ugekënnegt, dass d'Zensure vun allen zukünftege Filmer op den Inhalt kontrolléiert ginn, déi géint d'Sécherheetsgesetz verstoussen.

D'Gesetz, dat e Mëttwoch vun der Stad gréng Luucht kritt huet, erlaabt d'Préiwung vun alle Filmer déi schonns virdrun eng Kéier kontrolléiert goufen. De Chef-Sekretär huet deemno d'Erlabnis d'Virféierungslizenze fir eeler an aktuell Filmer ze widderruffen. D'Strofe fir d'Virféierung vun engem net lizenzéiertem Film si bis op 3 Joer Prisong an enger Geldstrof vun 1 Millioun HKD (111.000 Euro) ugehuewen.

Online-Streaming-Plattforme wéi Netflix, HBO an Amazon sinn am Gesetz net mat erwäänt ginn. Méiglecherweis si se deemno wéi net vun de neie Reegele betraff.