Als President vun der “Luxembourg Steampunk Society” ass de Luc Nothum och als Interior Designer bekannt.

Als Optiker sinn net nëmme seng Geschäfter am Steampunk-Style dekoréiert, de Luc Nothum ass och als Artist bekannt. Mat senger Zäitmaschinn léisst hie sou munch ee staunen.

D'Léift zur Natur, zum Alen, zu deem, wat anerer als Schrott bezeechnen, dat mécht de Steampunk aus. De Luc Nothum selwer ass schwéier ze beschreiwen: Artist, Designer, Kënschtler, Bastler. Ee Mann, deen een A fir dat Besonnescht huet an aus allem eppes mécht.

Dobäi entféiert hien een an eng ganz aner Welt, eng magesch Welt, an där mer mam Personnage Allen J. Wells op d'Rees ginn. Vun elo un nenne mer hien och net méi Luc, mä Allen J. Wells. Et ass ee Personnage, deen net nëmmen am Allen senger Fantasie lieft - zanter Joren existéiert dëse Personnage, en Avatar, och am Steampunk-Universum.

Seng Zäitmaschinn hëlt eis mat, definitiv an eng aner Welt, en anert Zäitalter. Alles, wat een hei ze gesi kritt, all eenzelen Objet, ass nom Allen senger Philosophie "Zero Waste" gesammelt ginn , wat anerer ewechgeheien, kritt bei him en 2. Liewen.

Eng ekologesch Visioun, déi hien duerchzitt, als Grënner vun der "Luxembourg Steampunk Society" ass den Allen dofir bekannt. Säi gréissten Dram, dee steet awer nach an de Stären. Den Ament ass seng Zäitmaschinn provisoresch opgebaut ginn, dat soll sech awer änneren, soubal hien eng fest Plaz dofir fonnt huet.

En Artist, e Bastler, en Ekologist, e Personnage, deen engem sympathesch eriwwer kënnt, an dat aus enger Zäit, an där déi meescht vun ons nach net op der Welt waren.