Deen Dréi schléit op d'Longen: Fir eng nei Roll huet de Schauspiller net just Cowboystiwwelen ugedoen, mä och ugefaangen ze fëmmen. Eng ongesond Decisioun.

De brittesche Schauspiller Benedict Cumberbatch, deen ënnert anerem aus der Serie "Sherlock" bekannt ass, hat sech eegenen Informatiounen no wärend den Dréiaarbechte fir e Film direkt dräi Mol eng Nikotinvergëftung zougezunn. Dat sot de 45 Joer Alen an engem Interview mat der Zeitung "Esquire UK".

Am Western "The Power of the Dog" spillt de Cumberbatch e "Rancher", deen "eng selwergedréinten Zigarett no der anerer" fëmmt. De Schauspiller sot selwer, datt et "fuerchtbar" wier esou vill ze fëmmen, hien hätt awer eng "Schicht Gestank" op sengem Kierper gewollt, fir d'Roll besser ze verkierperen.

E Schauspiller aus Leidenschaft: Fir de Film huet hien dann och exzessiv Banjo-Spille geléiert. "Ech mengen, meng Haaptmotivatioun ass, dass ech et wierklech, wierklech genéissen", esou de Britt.

De Film "The Power of the Dog" baséiert op engem Roman aus dem Joer 1967. Am Film geet et ëm zwee Bridder, déi sech véierzeg Joer laang eng Kummer gedeelt hunn. Wéi de Bruder George, gespillt vum Jesse Plemons, eng Wittfra bestuede wëll, kënnt et zu engem Sträit mat sengem rationale Brudder Phil (Benedict Cumberbatch), deen all Schwächt, wéi och d'Léift zu enger Fra, haasst.