Wéi de Verwaltungsrot vu Mudam huet e Freideg matgedeelt, dass si mam Bettina Steinbrügge eng nei Directrice hunn.

Si iwwerhëlt vum 1. Abrëll d'nächst Joer un d'Successioun vum Suzanne Cotter un der Spëtzt vum Mudam. De Verwaltungsrot vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean huet déi däitsch Professorin fir Konschttheorie als nei Generaldirectrice nominéiert.

Wéi et heescht, géif si sech op hiren neien Challenge freeën, mat der Ekipp vum Mudam déi bestoend Infrastruktur vum Musée weider opzebauen, d'Sammlung weider z'entwéckelen an de Mudam als Institutioun fir Fuerschung an ëffentlecht Wëssen ze fërderen. Si wéilt sech donieft aktiv mat de Froe vun der Globaliséierung, Ökologie an Nohaltegkeet an er Konscht ausenanersetzen.

Zanter 2014 leet d'Bettina Steinbrügge de Konschtveräin zu Hamburg. Si huet ënner anerem och d'Halle für Kunst Lüneburg geleet, war Curatrice an der La Kunsthalle Mulhouse a war Senior-Curatrice a Responsabel fir déi Zäitgenëssesch Sammlung am Belvedere zu Wien. Studéiert huet d'Bettina Steinbrügge un der Universitéit Lüneburg an huet un der HEAD zu Genf ënnerriicht.
D’Suzanne Cotter hat am Juli annoncéiert, datt si de Mudam no 4 Joer verléisst.