Mat nëmmen 41 Joer ass de Schauspiller iwwerraschend gestuerwen. Iwwert d'Doudesursaach ass bis ewell näischt bekannt.

Den Heath Freeman huet ënnert anerem a Serië wéi "Bones" oder "NCIS" matgespillt a war donieft och als Produzent an Auteur täteg.

An de sozialen Netzwierker drécken eng Abberzuel Promien hir Trauer aus. Ënnert anerem d'Model Shanna Moakler huet op Instagram geschriwwen, dass e gudde Frënd, talentéierten Acteur, Regisseur, Produzent, Kach a Frënd vun eis gaange wier. "Ech wäert dech ëmmer gär hunn. Rou a Fridden", waren d'Wierder vum Ashley Benson an enger Insta-Story, déi eng vun den Haaptrollen an der Serie "Pretty Little Liars" gespillt huet.