Fir de Wanter 2022 ass eng nei "Kelly Family"-Tour geplangt - mee nei Chrëschtdagsmusek kënnt schonn dëst Joer eraus.

D'Kelly Family wëll 2022 nees zesummen op Tour goen. Wéi den Organisateur Semmel Concerts den Dënschdeg matgedeelt huet, plangt déi musikalesch Famill eng Chrëschtdagstour mam Numm "The Kelly Family - Die Mega Christmas-Show" duerch Däitschland, Éisträich an d'Schwäiz. Dat ganzt soll am November 2022 lass goen.

Gläichzäiteg si fir Enn November 2021 och zwee nei Chrëschtdagslidder ugekënnegt, déi d'nächst Joer Deel vun engem neie Chrëschtdagsalbum wäerte ginn. D'Single "One More Happy Christmas" kënnt de 26. November eraus.

Zanter den 90er Joren ass d'Kelly Family an ënnerschiddlecher Besetzung , mee meeschtens mat laangen Hoer an agängege Pop/Folk-Titelen ze héieren. Si sinn ënnert anerem mat Hits wéi "An Angel", "Fell In Love With An Alien", "I Can't Help Myself" bekannt ginn. Hier lescht Tour war am Februar 2020.