En Deel vun der Konschtsammlung vum New Yorker Harry Macklowe a senger Exfra Linda Burg ass ënnert den Hummer komm.

D'Konschtwierker hu fir net manner wéi 676 Milliounen Dollar, ëmgerechent 592 Milliounen Euro, de Besëtzer gewiesselt. Am meeschte Geld huet d'Bild "No. 7" vum US-Moler Mark Rothko erabruecht mat 82,5 Milliounen Dollar. D'Skulptur "D'Nues" vum Alberto Giacometti gouf fir 78,4 Milliounen Dollar versteet.

Wärend der Auktioun, déi 2 Stonne gedauert huet, koumen am Ganze 35 Wierker vun ënnert anerem dem Andy Warhol, Jeff Koons, Cy Twombly, Pablo Picasso, Jackson Pollock a Sigmar Polke ënnert den Hummer.

D'Auktioun koum zustanen, well sech den Harry Macklowe a seng Ex-Fra Linda Burg bei hirer Scheedung net op de Wäert vun der Sammlung eenege konnten. E Geriicht huet doropshin ordonéiert, dass d'Konschtwierker misste versteet ginn. Den zweeten Deel vun der Macklowe-Sammlung, deen aus 30 Wierker besteet, soll am Fréijoer ënnert den Hummer kommen.