Am Auktiounshaus Sotheby's huet de Selbstportrait "Diego y yo" vum Frida Kahlo vun 1949 en Dënschdeg fir 34,9 Milliounen Dollar de Besëtzer gewiesselt.

D'Bild vun der Kënschtlerin mam Gesiicht vun hirem Mann Diego Rivera op der Stier, gouf vun der Eduardo F. Costantini-Sammlung ersteet, déi nom argentineschen Entrepreneur, Konschtsammler a Grënner vum Musée fir latäinamerikanesch Konscht a Buenos Aires benannt gouf. Bis ewell louch de Rekordpräis fir e Bild vum Frida Kahlo bei 8 Milliounen Dollar.

D'Wierk "Diego y yo" gëtt domat zum deiersten, jeemools versteete latäinamerikanesche Konschtwierk. Den ale Rekord hat d'Bild "Los Rivales" vum Diego Rivera selwer erziilt, dat 9,76 Milliounen Dollar bei Christie's versteet gouf.

E Bild vum franséische Kënschtler Pierre Soulages, dat iwwer 30 Joer a Privatbesëtz war, huet bei enger hëtzeger Stee fir 20,2 Milliounen Dollar en neie Proprietär kritt. Dat 1961 entstanent Wierk staamt nach aus der rouder Schaffenszäit vum Soulages, dee virun allem duerch den Ëmgang mat schwaarz berüümt gouf. Am Virfeld vun der Auktioun war d'Wierk op 8 bis 12 Milliounen Dollar geschat gouf.