De Liliom, deen als Animateur op enger Fouer schafft, gëllt als hëtzegen Näischnotz a charmante Fraenheld.

Hien huet eng Affär mat senger Patronne, bändelt awer gläichzäiteg mat deem jonke Julie un a verléiert esou seng Aarbechtsplaz. Tëschent dem Julie an dem Liliom entseet eng grouss Léift, ma dës kann hien net dovunner ofhale fir ëmmer nees an al, schlecht Musteren zeréckzefalen.

Ënnert der Regie vum Myriam Müller brénge ganzer 11 Schauspiller a Schauspillerinnen eng musikalesch Komedie mat engem staarke Fong op d'Bün. Eng Geschicht tëschent leidenschaftlecher Léift an haislecher Gewalt.

„Liliom“ ass ee Stéck mat ville Facetten a genee dat mécht et net just fir d'Schauspiller, mä och fir de Spectateur besonnesch spannend. Gespillt gëtt bis den 28. November mat am Groussen Theater.