Knapp 30 Joer nodeem d'Realisatrice Jane Campion den Oscar fir den Drama "The Piano" gewonnen huet, ass hiren neiste Western och nees ënnert de Favoritten.

1925 am Staat Montana, läit d’Ranch vun de Burbank Bridder wäit ofgeschott vun der Zivilisatioun. De Phil, ass trotz sengem Yale Ofschloss e puere Cowboy, dee mat Leif a Séil an der Vergaangenheet lieft. Säi Brudder George, deen net esou wuertgewant an autoritär ass, fillt sech konstant eleng.

Zanter 25 Joer si si um Kapp vun der Familljeranch a schlofen nach ëmmer zesummen an der selwechter Kummer. Wéi den George eng Wittfra bestuede wëll fillt de possessive Phil sech bedrunn. Hie gënnt sengem Brudder säi Gléck net a setzt alles dru seng nei Fra an de Wansinn ze dreiwen. Vun "The Piano" bis hin zu "Bright Star", der neiséilännescher Realisatrice Jane Campion hir Filmer si visuell Dramaen, an deene méi suggeréiert wéi ausgeschwat gëtt. Mat der Adaptatioun vum Thomas Savage sengem Buch aus dem Joer 1967 mam Titel "The Power of the Dog" daucht Jane Campion an de Genre vum Western an.

Op Bildgewalteg an zugläich immens sensibel Manéier léist si déi donkel Säite vun hire Personnagë sech fräi entfalen. Dëse Western ass virun allem en introspektiven Drama, an deem d’Personnagë sech net wuel an hirer Haut fillen a versiche sou gutt et geet, domat eens ze ginn. Trotz de spektakuläre Naturbiller a Landschaften ass dëse Western awer e fundamental klaustrophobesche Film, an deem d'Psychologie vun de Personnagen am Zentrum steet. Begleet vun enger hypnotescher Musek vum Johnny Greenwood an engem fantastesche Casting ugefouert vum Benedict Cumberbatch ass "The Power of the Dog" an allen Hisiichten e grandiose Film.